De Sträit tëscht der FGFC, dem Syndikat vum Gemengepersonal, an der Féierung vum interkommunale Busreseau TICE geet an déi nächst Ronn.

Well trotz alle Versich vun der Gewerkschaft kee Sozialdialog mat dem Bussyndikat méiglech wier, dréit d’FGFC den Dossier elo an d’Mediatioun: "Dat heescht, eng Kommissioun gëtt zesummegesat, wou dann de Patron, de Mediateur an eis Säit sech zesumme setze soll, fir da Léisungen ze fannen, eng Kéier mat der enger an eng Kéier mat der anerer Säit. Ech ginn dervun aus, dass d'Politik dann den néidege Respekt virun där Institutioun huet a sech da mat eis un den Dësch sëtzt ", erkläert de Claude Reuter, President vun der FGFC.
 
E Sondage hätt erginn, dass e groussen Deel vun de Mataarbechter beim Bus-Reseau net zefridde mat den Aarbechtskonditioune wier. Konkret reprochéiert de Syndikat der Direktioun vum TICE zum Beispill, d’Mataarbechter schlecht ze behandelen, et géif Drock op si gemaach a wa se sech géife krank mellen, da géife se systematesch bei de Kontrolldokter geschéckt.
 
Nom Sondage hätt een awer net direkt e Gespréich ugebuede kritt, elo eréischt Enn November hätt de politesche Büro vum TICE d’Gewerkschaft wëlle gesinn, nodeems déi schonn am September e Protestpiquet organiséiert hat. 
Dass een d'Gespréich net wollt, wier falsch, seet de Marco Lux, President vum TICE-Büro an éischte Keeler Schäffen, deen och op eng Léisung hofft. Bei der Mediatioun géif senger Meenung no awer "jidderee Plomme loossen": "De Reproche loossen ech net gëllen, dass mir d’Delegatioun net gesinn hu, well mir hu se 2023 eemol gesinn, 2024 dräi Mol, an 2025 och dräi Mol".

Et wier awer esou, dass Vertrieder vun der Gewerkschaft am Betrib selwer scho refuséiert hätten, op Versammlungen ze kommen. De Rendez-vous eréischt Enn November wier einfach drop zeréckzeféieren, dass ee grad amgaange wier d’Budgeten opzestellen, déi mat Zäit eragereecht gi missen.

Dass et Problemer gëtt tëscht der Direktioun, déi den Alldag geréiert an dem Personal, dat wier méiglech, seet de Marco Lux : "Dat ka wuel sinn, dat muss awer net sinn. Mee ech muss soen, bei eis muss ee wëssen, Direktioun huet geännert, mir hunn nei Leit kritt, an déi Leit maachen hir Aarbecht, wéi se se musse maachen. Si hu sech u Reegelen a Gesetzer ze halen, an ech mengen, wa mir vu bausse vu Clientë fondéiert Reklamatioune kréien, musse mir dorop reagéieren".  
 
E Personalstreik beim Busreseau steet aktuell net zur Debatt, de Schrëtt an d’Mediatioun huet also weder fir d’Mataarbechter nach Passagéier direkt Konsequenzen.