Op den Dacia Product Days zu Paräis gouf sech d'Fro nom populären Auto vu muer gestallt an de Journaliste gewisen, wéi Dacia sech d’Zukunft virstellt.

Zenter dem 21. Joerhonnert huet den Autosmarché evoluéiert. D’Autoe ginn ëmmer méi grouss, méi schwéier, méi sophistiquéiert – a méi deier! Op den Dacia Product Days zu Paräis gouf sech d’Fro nom populären Auto vu muer gestallt an de Journaliste gewisen, wéi Dacia sech d’Zukunft virstellt. De Paul Origer war fir eis dobäi.

Automag: Dacia Hipster Concept

D’Dacia Product Days hunn also direkt mat engem Paukeschlag ugefaangen!

Absolut. Iergendwéi weess Dacia ëmmer nees ze iwwerraschen, an dat war och do de Fall. An dobäi hate si mat engem wäisse Blat Pabeier ugefaangen. Op wat kënnt et muer un? Wat ass dann nach essentiel? A wéi mécht een den Zougang zum Elektroauto jidderengem méiglech? E bësse wéi den Ierwen vum Logan, dee virun 20 Joer d’Symbol vum Auto fir jidderee war. An d’Äntwert dorop heescht Dacia Hipster Concept. An enger Zäit wou mer es anscheinend net genuch kréien, reduzéiert den Hipster sech op dat weesentlecht: Een nëmmen 3 Meter kuerzen abordabelen Auto mat 4 Sëtzplazen, enger Mall an engem einfachen, mee prägnanten Design.

RTL

© Paul Origer

Ouni dassee muss op ze vill verzichten?
Ma nee, trotz sengen 1m52 Héicht an 1m55 Breet ass den Hipster banne méi grouss wéi baussen. Well et guer keng Iwwerhäng ginn, geet vun deenen 3 Meter net vill verluer. E kann entweder 4 Leit oder bei ëmgeklappter Réckbänk awer nach eng Wäschmaschinn transportéieren. A gleef mer, ech hat béides getest. De Banneraum bleift genee wéi de Baussendesign minimalistesch, an zwar mam Motto “Bring your own device”: d’Aufgab vum Infotainment iwwerhëlt den eegene Smartphone an iwwert de YouClip-System kann een op 11 verschiddene Punkten genee deen Accessoire ophänke deen ee brauch; e Lautsprecher, eng Luucht, eng Oflag an esou virun.

RTL

© Paul Origer

De Verzicht op Onnéideges bréngt jo dann och nach vill aner Virdeeler!
Korrekt, zum Beispill manner Gewiicht. Den Hipster weit schonn emol 20% manner wéi de Spring, deen aktuell liichtste Modell vun Dacia. An dovunner profitéiert de Verbrauch an d’Autonomie. Trotz senger Gréisst soll den Hipster ee vollwäertegen Auto sinn, deen een am Alldag net aschränkt. Den einfachen Design an net ze vill Chichi mécht sech awer och bei Reparature bezuelt. Riicht Forme bei Karosserie a Fënsteren, simpel Matière wéi duerchgefierfte Recycling-Plastik – dat kascht manner Suen.

Den Hipster Concept ass jo nach Zukunftsmusek oder kann ee sech schonn drop freeën?

Bezuelbar a minimalistesch Autoe ginn et de Moment leider esou gutt wéi keng, an dass esou ee Konzept fonctionéiert, huet Dacia jo scho virun 20 Joer mam Logan erlieft. Ech denken, dass déi richteg Resonanz si motivéiert, weider un deem Projet ze bleiwen a geschwë mam Hipster een neie Coup ze landen!

RTL

© Paul Origer