Besonnesch fir d'Frontalieren aus der Muselregioun ass et eng gutt Nouvelle: Déi éischt Schinne fir déi nei Zuchstreck Stad-Beetebuerg goufe geluecht.

Et dauert zwar nach e bëssen, bis d'Passagéier vun der neier Zuchstreck tëscht der Stad a Beetebuerg profitéiere kënnen, ma et ass awer scho mol e siichtbare Liichtbléck. Wärend der Allerhellegevakanz hunn d'CFL ugefaangen, un der neier siwe Kilometer laanger Zuchstreck tëscht Lëtzebuerg a Beetebuerg ze schaffen. Nieft der Ëmgestaltung vum Arrêt Houwald zu engem Pôle d'échange goufen hei och déi éischt Schinne fir déi nei Verbindung geluecht.

Duerch d'Vollspärung vun der Zuchstreck an der Allerhellegevakanz konnte véier nei Weichen an 900 Meter Schinnen op zwee Gleiser verluecht ginn, déi den Arrêt Houwald mat der Bow-String-Bréck verbannen, déi kuerz virum Gaasperecher Kräiz iwwer d'A3 verleeft. Déi éischt Schinne wieren dem Paul Ewert, Responsabel fir d'Kommunikatioun vun den CFL, no dëst Joer scho geluecht ginn a "wäerten dat ganzt Joer 2026 weider verluecht" ginn.

Den Terrain wier schonn dës Woch preparéiert ginn, well d'Ekippen an d'Sous-traitante vun den CFL 18.000 Tonne Ballast op den 1,8 Kilometer vun der neier Streck verdeelt hunn. Dëse sougenannte "Préballastage" ass déi lescht Schicht aus Natursteng, op déi d'Schinne verluecht ginn. Parallel dozou wäerte weider Ofschlossaarbechte wéi Zénk, Fundamenter fir Mauere géint Kaméidi oder och Waasserbasenge duerchgefouert.

De ganzen Detail zu der neier Streck kënnt Dir bei eise Kolleege vun RTL Infos noliesen.