Déi nei Mobilitéitsministesch huet präziséiert, datt een den Zuchtrafic weider ausbauen an den Tram och weider entwéckele géif.

D'Mobilitéit bleift eng Prioritéit vun der neier Regierung an 180-Grad-Kéieren hätt si net wëlles, sot en Donneschdeg d’Mobilitéitsministesch Yuriko Backes an der Chamberkommissioun.

Den Zuchtrafic soll weider ausgebaut ginn. An de Garen an eventuell op de Bus-Arrête soll et gratis Wifi ginn. An den Zich soll d’Sécherheet verbessert ginn, den Tram gëtt weider entwéckelt an all d’Horairë vum ëffentlechen Transport sollen iwwerkuckt ginn. Dat huet déi nei Ministesch virun den Deputéierten erkläert.

Bis 2035 misst ee mat 40 Prozent méi Deplacementer rechnen. D’Mobilitéit géif eng vun de groussen Erausfuerderunge vum Land bleiwen. Dofir géifen d’Investissementer héich bleiwen.

D’Yuriko Backes ass och Bauteministesch. Si huet eng Lëscht mat siwe prioritäre Projete presentéiert. Eng agreéiert Europaschoul soll zum Beispill op Jonglënster kommen an en neie Bouneweger Lycée ass geplangt.