Mont-Blanc-Tunnel no Reparaturaarbechten nees op

© AFP-Archiv
No 9 Woche laange Reparaturaarbechten ass de Mont-Blanc-Tunnel tëscht Frankräich an Italien nees op.
"Gutt Rees an Italien", huet et e Freideg um Profil vum Tunnel op X geheescht. Am Mëtteldeel vum 60 Joer alen Tunnel waren an de leschte Woche Buedemplacken nei gemaach ginn, donieft gouf och d'Belëftungsanalag ausgetosch. Un de Reparaturaarbechte waren 200 Mënschen a 50 Entreprisë bedeelegt. D'Aarbechten hu ronn 20 Milliounen Euro kascht.
U sech sollten d'Aarbechte schonn am September ufänken. No engem Äerdrutsch am Fréjus-Tunnel, eng weider wichteg Verbindung tëscht Frankräich an Italien, war de Projet verréckelt ginn.
Normalerweis fuere pro Dag 3.600 Autoen an 1.700 Camionen duerch den 12 Kilometer laange Mont-Blanc-Tunnel. Am Mäerz 1999 ware bei engem Brand am Tunnel 39 Mënschen ëm d'Liewe komm. Eréischt dräi Joer méi spéit konnt en nees opgemaach ginn.