Autoe, Busser an aner Gefierer an der EU sollen an Zukunft manner ëmwelt- a gesondheetsschiedlech Stoffer produzéieren.

Dat ass d'Zil vun der neier Euro-7-Norm, déi e Méindeg zu Bréissel negociéiert gouf.

Domat ginn eng éischte Kéier och Grenzwäerter agefouert fir de Stëbs, deen duerch Bremsen an d'Pneuen entsteet. Deemno sinn och Elektro- a Waasserstoffautoe vun där Mesure betraff. Bis ewell gouf sech bei den Euro-Normen nëmmen op d'Ofgaser konzentréiert.

Et ass virgesinn, dass d'Proprietäre vun de Gefierer 30 bis 48 Méint Zäit hunn, sech un dës nei Reegelen ze halen.