Nach net gewosst, wéini Tunnel Gousselerbierg nees normal ka befuer ginn

© RTL Mobile Reporter
Aktuell gëllt op der A7 am Tunnel Gousselerbierg Tempo 70 amplaz 90, well et Problemer mat der Waasserversuergung ginn.
Op Nofro bei Ponts et Chaussées ass et d'Bestätegung, dass de Problem nach besteet, an et kéint een nach net soen, wéi laang et wäert daueren, bis dëse behuewen ass. Den Tunnel bleift awer zu 100% benotzbar, esou de Ralph Di Marco RTL géintiwwer.
Bei all techneschem Incident, och zum Beispill wann e puer Ventilatoren net lafen, ass een am "mode d'exploitation degradé", wouduerch een dann d'Vitess op 70 km/h huet missen erofsetzen, amplaz den normalen 90.
Et heescht also weiderhin op deen Tempolimitt opzepassen, well den Tunnel mat engem Streckeradar equipéiert ass, deen och op déi nei Vitess ugepasst gouf. Deen een oder aneren dierft scho geblëtzt gi sinn.