Iwwer 2 Millioune Leit mat der Luxair an d'Vakanz geflunn
D'Joer 2023 ass e Rekordjoer fir déi national Fluchgesellschaft. Dëst Joer wäerte wuel eng 2,4 Millioune Leit mat der Luxair an d'Vakanz geflu sinn.
Domat hat d'Luxair 2023 éischte Schätzungen no 15 Prozent méi Passagéier ewéi an der Chrëschtzäit 2022, a souguer 50 Prozent méi ewéi 2019, virun der Pandemie.
Elo iwwer d'Chrëschtvakanz bléiwen d'Kanaresch Inselen d'Liblingsdestinatioun vun de Vacancieren. Och de Cap Vert ass ganz beléift zu dësem Ament. Do hannendrun kommen Dubai an Ägypten. Et si d'Sonnendestinatiounen, déi grousse Succès kennen.
D'Luxair kann op 21 Fligeren zréckgräifen. Enn 2025 sollen déi nei bestallte Fligeren dann an d'Flott vun der Lëtzebuerger Fluchgesellschaft opgeholl ginn.