Am neie Joer
All d'Spritzorte gi méi deier

© AFP
Vun Hallefnuecht u muss ee fir Bensinn, Diesel, Masutt, LPG a Propan-Gas eng Grëtz méi bezuelen.
Dat neit Joer fänkt mat méi héije Präisser op der Pompel un, wann och just am nidderegen Cent-Beräich.
De 95er Bensinn kascht vum 1. Januar 2024 un 1,481 Euro de Liter (+2,1 Cent).
Beim 98er ass et eng Hausse vun 1,2 Cent op dann 1,700 Euro.
Den Diesel klëmmt ëm 1,7 Cent op 1,487 Euro.
Beim Masutt ass et souwuel beim 10ppm (0,942 Euro), wéi och beim 50ppm (0,944 Euro) eng Hausse vun 1,5 Cent.
Beim LPG ass et eng Hausse vun 0,1 Cent op dann 0,746 Euro de Liter.
Beim Propane en vrac ménager gëtt et 1,4 Cent méi deier op dann 0,766 Euro.

Am meeschte gelies