Eurostar-Zich fueren e Sonndeg nees

© AFP (Archiv)
E Samschdeg waren alleguer d'Eurostar-Zich vun an a Richtung London wéinst Iwwerschwemmungen op der Streck annuléiert ginn.
D'Eisebunnsentreprise Eurostar huet e Samschdeg den Owend iwwer X, fréier Twitter, matgedeelt, datt e Sonndeg d'Zich tëscht London an dem europäesche Festland nees fueren. D'Héichwaasser wier ënner Kontroll, sou Eurostar. Nawell kéint et wéinst Vitesslimitatiounen am Laf vum Moien nach zu Retarde kommen.
Eurostar huet och drop verwisen, datt et opgrond vun der Ënnerbriechung vum Verkéier e Samschdeg zu engem enormen Undrang komme wäert.
Wat war geschitt
D'Eisebunnsentreprise Eurostar hat e Samschdeg de Moie scho wéinst engem iwwerschwemmten Tunnel am Süde vu Groussbritannien méi wéi eng Dosen Zich tëscht London an dem europäesche Festland missen annuléieren.

© AFP
E Samschdeg am Nomëtteg koum du fir dausende Passagéier déi batter Noriicht, datt alleguer d'Zich um Samschdeg annuléiert goufen.
Wéi Eurostar op X matdeelt huet, war een Tunnel net wäit vu London ewech iwwerschwemmt.
D’Passagéier goufen opgefuerdert, no Alternativen ze sichen. Brittesch Medien hu vu frustréierte Passagéier op der Gare St. Pancras zu London bericht, deenen hir Pläng fir Silvester riskéiert hunn, zerstéiert ze ginn.
Wéi dann och d'Eisebunnsgesellschaft Southeastern Railway e Samschdeg iwwer X matgedeelt huet, waren d'Iwwerschwemmungen an Tunnellen tëscht de Garen Ebbsfleet an der Grofschaft Kent an der Eurostar-Gare St. Pancras zu London an dofir waren alleguer d'Strecke blockéiert.
De brittesche Wiederdéngscht Met Office huet iwwerdeems Wiederwarnunge wéinst Reen, Schnéi an Äis fir grouss Deeler vum Land erausginn.