Laang war Tesla dee weltwäit gréissten Hiersteller vun Elektroautoen. Elo huet de chineesesche Konkurrent BYD d'Amerikaner iwwerholl.

Am véierte Quartal vum Joer 2023 huet BYD fir d'éischte Kéier méi Autoen verkaf ewéi Tesla. Wéi de chineeseschen Hiersteller um Méindeg matdeelt, hätte si an dësem Zäitraum ronn 526.000 Autoen ausgeliwwert. Dobäi hätte si virun allem vun der massiver Nofro no elektreschen Autoen um chineesesche Marché profitéiert.

Um Dënschdeg huet Tesla dunn publizéiert, dass si d'Erwaardungen vun Analysten iwwertraff hätten an en neien, perséinleche Rekord opgestallt hätten. Allerdéngs hätt Tesla nëmme 484.500 am véierte Quartal produzéiert a gouf soumat vun BYD iwwerholl.

Op dat ganzt Joer gesi läit Tesla awer nach ëmmer un der Spëtzt. Déi amerikanesch Entreprise hätt ronn 1,8 Milliounen E-Autoe verkaf a soumat e Plus vun 38 Prozent am Verglach zu 2022 gemaach. Dogéint hat BYD ongeféier 1,6 Milliounen elektresch Autoe verkaf. Dobäi kommen awer och nach 1,4 Milliounen Plug-in-Hybriden an domat konnt BYD hire Joresgewënn ëm knapp 62 Prozent steigeren.

An Zukunft wëll BYD méi op den europäesche Marché kommen an haaptsächlech an Däitschland wuessen, wou se aktuell nach e Nischen-Produzent sinn.