D'nächst Joer ëm des Zäit ass d'Streck vläicht schonn op: Da kéint ee vum Kierchbierg aus mam Tram bis op de Findel an zeréckfueren.

Domadder wier ee weidert Deelstéck vum Stater Tram fäerdeg, bis ewell gouf sech jo bei dësem Chantier gutt an d'Zäite gehal.

Am Fréijoer 2023 war déi nei Bréck iwwert d'Autobunn fixéiert ginn, ee wichtegt a komplizéiert Element vun dësem Tracé. Zanterhier ginn d'Aarbechte gutt virun.

Iwwer déi ganz Längt vun der Bréck leien d'Tramsschinne quasi schonn. Nom Kollektivcongé wäerten déi lescht Schrauwen vun de Schinnen ugezu ginn.  Enn Januar, ugangs Februar sinn déi Aarbechten dann ofgeschloss. D'Schinne goufe grad ewéi déi op der Cloche d'Or hei zu Lëtzebuerg um Site vun ArcelorMittal zu Rodange hiergestallt.

Kënnt een op der Tréierer Autobunn gefuer, gesäit ee scho vu wäitem déi imposant Bréck. Mat hirer Längt vun 110 Meter an hirem Gewiicht vun 1.700 Tonne wierkt si net nëmmen impressionnant. Nee, si ass et och. Dës Bréck ass spéider d'Verbindungsstéck tëscht der Luxexpo an dem Fluchhafen.

3,9 Kilometer laang ass d'Streck tëscht der Luxexpo an dem Findel. E Stéck fiert den Tram spéider duerch de Bësch fir duerno laanscht d'A1 - Tréierer Autobunn - ze fueren.

Mat 70 Kilometer an der Stonn fiert den Tram duerno hei hin an hier. Dëst ass déi séierste Vitess um ganzen Tramsreseau. Am 7 Minutten-Takt ginn duerno d'Leit tëscht dem Fluchhafen an der Luxexpo hin an hier transportéiert.

Am Januar d'nächst Joer kéinten déi éischt Passagéier vun dëser neier Linn profitéieren.