Wéinst enger Waasserpann ass d'Vitess am Tunnel op 70km/h reduzéiert. No den Tester e Méindeg, gëtt d'Vitess warscheinlech nees op 90 km/h eropgesat.

Zanter Mëtt Dezember ass am Tunnel Gousselerbierg op der Nordstrooss d’Vitess op 70 Kilometer d’Stonn limitéiert, an net wéi soss op 90 Km/h. De Grond dofir ass eng Waasserfuite tëscht dem Viaduc Luerenzweiler an dem Tunnel, déi Repercussiounen op d’Sécherheet huet. De Roland Fox, Direkter vu Ponts et Chaussées erkläert, dass d’Vitesslimitatioun am Tunnel erofgesat gi wier, fir de Risk vun Accidenter a schlëmmen Accidenter ze reduzéieren. Den Tunnel wier den Ament nämlech net a sengem idealen Exploitatiounsmodus.

RTL

Elo, wou d’Waasserversuergung ënnerbrach ass, géingen d’Pompjeeën am Fall vun engem Brand musse méi Waasser matbréngen. "Dat ass net Standard, dat ass just an Ausnamefäll esou. Dofir probéiere mer esou séier wéi méiglech eng Waasserreserve heihinner ze kréien", huet de Roland Fox ënnerstrach. Iwwert d’Feierdeeg wier et awer net ganz esou einfach gewiescht, déi richteg Entreprisen ze fannen a Material erbäi ze kréien.

D’'Waasserreservoiren direkt nieft dem Tunnel ass antëscht installéiert. D’Alimentatioun vum Tunnel ass domat nees souwäit assuréiert.

RTL

E Méindeg wäerten dann Tester am Tunnel gemaach ginn. Wann hei alles gutt verleeft, kéint een nees an den normalen Exploitatiounsmodus zréckkommen, sou de Roland Fox. Géing heeschen, dass de Verkéier am Tunnel nees ka mat 90 Km/h rullen.

RTL