Autoe ginn och am Schrott-Zoustand ëmmer méi wäertvoll.

Recyclage vun Autoen/Reportage Monica Camposeo

All Joers gi knapp 2.000 Gefierer, déi zu Lëtzebuerg immatrikuléiert sinn, verschrott.
D‘Entsuergung gëtt net méi zu Lëtzebuerg, mee an eisen Nopeschlänner gemaach. Vum 1. Januar u gëtt dëse Prozess vun Ecorauto, enger neier Struktur, geréiert. Dodra vertruede si verschidde Federatiounen aus dem Automobilsecteur. D'Fedamo, dat sinn d'Garagisten an d'Concessionairen, d'Federatioun vun de Leasinggesellschaften, de Verband vun de Constructeuren an d'ASBL Ecobatterien. Et gëllt, iwwert déi nächst Joren e maximum vum Gefier ze recycléieren. Och wann een hei nach viru gréisseren Hürde steet.

All Joer gi ronn 6 Milliounen Autoen an Europa liquidéiert, déi nach ëmmer gréisser Quantitéiten u Plastik an aner Réistoffer enthalen. Fir datt de Wäertverloscht an d‘Belaaschtung op d‘Ëmwelt beim Aussortéiere vun de Materialie méiglechst geréng ass, wëll d‘Europäesch d‘Parlament méi streng Recycling-Reegelen decidéieren.

Zu Lëtzebuerg gëtt elo proaktiv geschafft, esou de Andy Maxant, Direkter vun Ecorauto: „Et gëtt elo e Projet op EU-Basis, deen d‘Reglementatioun fir de “véhicule hors usage “ vill méi streng soll maachen. Dee geet vill méi wäit par Rapport zu den Obligatiounen, déi elo sinn. Notamment am Recyclage vun de verschiddene Materialien, déi elo an den Autoe sinn.“

Ecorauto kontrolléiert de Recyclage a kritt aus den agreéierten Zentren déi néideg Donnéeën, fir déi un den Ëmweltministère virun ze ginn, erkläert den Andy Maxant: „De Rapport kënnt ee mol d‘Joer a preziséiert, wéi vill Autoen d‘Joer iwwer Ecorauto recycléiert goufen. Da ginn et Detailer zu wéi se recycléiert ginn a wéi héich den Taux de Recyclage ass bei de verschiddene Matièren, déi an engem Auto sinn. “

Den optimale Recyclage ass nämlech och gesetzlech zu Lëtzebuerg festgeluecht. A kascht och eppes, esou de CEO vu Ecorauto: "Op nei Autoe mat B-Führerschäin a bis 3,5 Tonnen gëtt eng Contribution environnementale verrechent, vu 5 Euro ouni TVA ass."

Zu Lëtzebuerg gesammelt, am Ausland recycléiert

Um Sennengerbierg kann ee säin alen oder accidentéierten Auto ofginn. “Da ginn déi Autoen enregistréiert mam Gewiicht an da kontrolléiere mir de Pabeierkrom an ob d'Chassisnummer klappt”, erkläert d'Karin Liébaert. Si ass spezialiséiert op de Recyclage vu Stol a Metaller. D’Autoe ginn dann agesammelt an iwwer d’Grenz an Däitschland bei eng Schredderanlag gefouert, “wou d'Autoen dann dréche geluecht ginn an herno gi se da zerschreddert".

Eng 1.500 bis 2.000 Autoe ginn am Schnëtt pro Joer vu Lëtzebuerg aus a Recyclingszenter an d'Ausland geschéckt. Aktuell sinn et der wéinst der ugespaanter wirtschaftlecher Situatioun e bësse manner, ëm 1.200. E puer Honnert dovun d‘Joer landen a Rheinland-Pfalz. D‘Karin Liébaert: „Den Auto gëtt hei ugeliwwert. Da gëtt den Auto op eng mobil Dréchenanlag geluecht. Do ass dann eng Persoun, déi den Auto manuel dréche leet. Da ginn all d‘Flëssegkeeten erausgeholl. D‘Pneue ginn ofmontéiert. Den Airbag gëtt gespréngt. Dat muss vun enger extraer Persoun gemaach ginn, déi dofir ausgebilt ass. D‘Flëssegkeete ginn dann a Behälteren ofgeschott, fir entsuergt ze ginn. Dee ganze Prozess dauert tëscht 15 a 25 Minutten.“

Bis zu 95 Prozent recycléieren?

Am Schredder gëtt d‘Gefier zerluecht. En Deel ass normale Stol, Eisen. Mee och aner Metaller ewéi Aluminium a Koffer ginn aussortéiert. Och de Plastik gëtt getrennt. Eng 40 Autoen d‘Stonn kënnen hei zerschreddert ginn. Gutt véier Fënneftel vum Auto gëtt recycléiert. „Tëscht 83 a 87 Prozent vun de Gefierer kann hei an Däitschland aktuell recycléiert ginn,“ preziséiert d‘Karin Liébaert. „Dat si gréisstendeels d‘Metaller. Eisenhalteg an net-eisenhalteg Metaller. De Recht ass dacks “Müll“, deen ee net richteg verwäerte kann a fir den Ament gréisstendeels an Verbrennungsanlag geet.“

En normalen Auto – zum Beispill - huet ronn 25 Kilo Koffer u Bord. Bei engem Hybrid sinn et 40 Kilo. Bei engem rengen Elektro-Wonn 90 Kilo. Well an Zukunft méi E-Autoen am Ëmlaf sinn ass den Interessi fir e méi strenge Recycling grouss.

Eng EU-Propose gesäit vir, dass en Auto an Zukunft bis zu 95% soll kënne recycléiert ginn. Nach ass dës Reegelung awer net gestëmmt. „Déi Ziler si fir déi no Zukunft ze wäit gegraff. Mee an 10 Joer kéinte mer lues a lues, an déi Richtung kommen. De gréisste Problem, dee mer hunn, ass, datt wann den Auto produzéiert gëtt, deelweis de Recycling duerno net richteg consideréiert gëtt. Do mussen déi richteg Stoffer agesat ginn, fir datt mir herno beim Recyclage et méi einfach hunn.“

E Problem dee bleift: dat recycléiert Material gëtt gäre vum Original-Produzenten net zeréck geholl, fir et duerno nees matzeverschaffen. Dacks wier et méi bëlleg a sécher, e gewëssene Standard mat neie Materialien ze produzéieren. De Recycling-Zyklus funktionéiert also just bedéngt. 25 Prozent vum Plastik, dee fir en neien Auto genotzt gëtt, soll mat der geplangter EU-Direktive scho recycléierte Plastik sinn.

Wat d'Elektroautoen ugeet, kéimen nei Erausfuerderunge fir de Recyclage, notamment wat d'Batterië ugeet. Ma soubal dës ausgebaut ass, wier de Prozess kee Problem méi.