Autosassurancë gi méi deier

Schonn am Oktober gouf an Däitschland gewarnt, dass d'Präisser vun den Autosversécherungen 2024 e gutt Stéck klamme wäerten. Dat gëllt och fir Lëtzebuerg.
Virun e puer Méint stoung an Däitschland fest: D'Präisser vun den Autosversécherunge sinn an engem Joer ëm 16 Prozent an d'Luucht gaangen an d'Präisser wäerte weider klammen, wéi ënnert anerem déi däitsch Medien Tagesschau a Fokus mellen. Dat alles betrëfft awer net nëmmen eis däitsch Noperen, och zu Lëtzebuerg gëtt d'Autosversécherung méi deier. Schold doru soll d'Inflatioun sinn.
Déi lescht Jore gouf eng däitlech Hausse bei de Käschte fir Reparature vu Gefierer festgestallt. Bei enger Lëtzebuerger Versécherung sinn d'Käschte vun accidentéierten Autoen ëm 8 Prozent an d'Luucht gaangen. Wat däitlech iwwert der duerchschnëttlecher Inflatioun vun 3,7 Prozent fir d'Joer 2023 läit.
Dëst ass net ganz onbegrënnt. Esou gouf de Stonneloun vun den Aarbechter déi lescht zwee Joer ëm ronn 17 Prozent an d'Luucht gesat, ënnert anerem wéinst den Indextranchen. Dës weidere sinn och d'Ersatzdeeler präislech staark geklommen. Schonn tëscht 2021 an 2022 gouf et eng Hausse vun 12 Prozent. 2023 sinn d'Präisser du weider 11 Prozent am Verglach zu 2022 an d'Luucht gaangen, esou d'Zuele vun enger Lëtzebuerger Assurance.
Dës Punkten hunn natierlech och en Afloss op d'Versécherungskäschte fir de Client, obwuel d'Assurancen op Grond vun der Konkurrenz an dem Versuch de beschte Präis unzebidden, net drastesch erhéije kënnen. An awer sinn d'Versécherungen zu Lëtzebuerg méi deier ginn, an dat besonnesch an der Autosbranche.