Perturbatiounen op der Zuchlinn Lëtzebuerg-Waasserbëlleg-Tréier

© MORITZ FRANKENBERG /DPA / dpa Picture-Alliance via AFP
Wéinst dem Streik bei der däitscher Bunn wäert et vun e Mëttwoch de Moie bis e Freideg um 18 Auer zu Perturbatiounen op der Linn 30 vun den CFL kommen.
Wéi et an engem Schreiwes vun den CFL heescht, wäerten wärend dëser Zäit keng Zich déi däitsch-lëtzebuergesch Grenz passéieren. Fir d'Auswierkungen op d'Zich, déi um Lëtzebuerger Reseau ënnerwee sinn, ze minimiséieren gouf d'Planung vum Personal adaptéiert. Trotzdeem wäert et bei den Zich tëscht der Stad a Waasserbëlleg zu Ausfäll kommen. Zwee vun dräi Zich pro Stonn wäerten awer weiderhi fueren.
Iwwerdeems wäert et wéinst dem Streik vun en Dënschdeg den Owend un zu Upassunge beim Zuchverkéier an Direktioun Wittlich an an Direktioun Koblenz kommen.
Weider Informatiounen iwwert d'Upassunge, fannt Dir um Site vun den CFL.