D'Prozedur fir de Käerjenger Contournement, déi am September zejoert festgehale gouf, leeft manner séier ewéi erhofft.

Dat well den Ëmweltministère de Bauherr - also de Staat - no weideren Informatiounen iwwert de Projet gefrot huet, heescht et bei de Kolleege vum Lëtzebuerger Wort.

Dernieft ass och nach kee neie Site fir eng Firma definéiert, déi den Ament nach um geplangten Tracé steet. D'Gespréicher fir en alternative Sitte hei am Land géifen nach lafen, hätt de Wirtschaftsministère géigeniwwer dem Wort confirméiert.
Den Ex-Mobilitéitsminister Bausch hat am Hierscht nach gesot, dass, wann alles normal géif klappen, am Laf vum Dezember de Projet u sech kéint Gréng Luucht kréien.