80 Concessionnairë derbäi
Vum 20. Januar bis den 3. Februar leeft déi 60. Editioun vum Autosfestival
80 Concessionnairë mat iwwer 170 Showroome maache beim Evenement mat. Um Donneschdeg goufen awer och d'Verkafszuele vun zejoert presentéiert.
Zenter 2019 sinn d'Immatrikulatioune vun den neien Autoen erofgaang. 2023 huet d'Branche d'Kéier kritt. Zejoert gouf et Plus vu 16,8 Prozent. Gutt all 5. Neiwon, deen zejoert am Grand-Duché ugemellt gouf, fiert mat Elektresch. Bensinner hunn nach d'Nues fir ma d'Elektromobilitéit wär awer kloer um Virmarsch, esou d'Zuele vun der SNCA.
D'Regierung huet sech jo d'Zil gesat, datt bis 2030 49% Prozent vum ganze Fuerpark reng elektresch Gefierer solle sinn.
Am meeschte gelies