Dat huet och deels Auswierkungen op d’Zuchlinnen tëscht Metz, respektiv Thionville a Lëtzebuerg.

Eenzel Zich waren um Moie scho komplett gestrach, nämlech 6 Stéck der SNCF no,  anerer sinn am Laf vum Dag just deels gefuer.

Offiziell dauert d’Streik-Aktioun, déi sech duerch de ganzen Grand-Est zitt bis en Dënschdeg de Moien.

Ausléiser fir de Streik sinn Onstëmmegkeeten iwwert d’Loun-Politik an d’Aarbechtskonditiounen op der franséischer Bunn.

Op cfl.lu kann ee sech informéieren.