28,7 Millioune Clienten 2023 transportéiert

© CFL
D'CFL hunn en neien, eegene Rekord opgestallt: D'lescht Joer sinn 28,7 Millioune Leit hei am Land mam Zuch gefuer. Méi wéi 2022 a Pré-Covid-Zäiten.
Déi meeschte Leit, mat 9 Milliounen (+36%), hunn d'Linn Lëtzebuerg-Esch/Uelzecht-Rodange benotzt. Dono kënnt d'Nord-Linn, Lëtzebuerg-Ëlwen-Gouvy, mat 5,8 Millioune Clienten (+13%) an d'Linn Lëtzebuerg-Beetebuerg-Metz/Nanzeg mat 5,6 transportéierte Persounen (+45%).
Eng Hausse vun 23% gouf et och op der Linn Lëtzebuerg an Direktioun Athus/Lonkech via Rodange wéi och op der Linn Lëtzebuerg-Klengbetten-Arel (+31%) an der Linn Lëtzebuerg-Waasserbëlleg-Tréier (+35%).
De Marc Wengler, Generaldirekter bei den CFL, ass dankbar fir d'Vertrauen an d'Trei vun de Clienten. Et wéilt een och an Zukunft dru schaffen, d'Infrastrukturen an d'Qualitéit vun de Servicer ze verbesseren. Et gëtt weider an nei Zich investéiert, bis 2026 ginn deemno progressiv 34 nei Zich a Betrib geholl, déi weider 39.000 Plaze wäerte bidden. D'CFL zielen aktuell eng ronn 5000 Mataarbechter.