An engem Schreiwes huet den Automobilclub e Mëttwoch wësse gedoen, dass si am Abrëll en neie Chef kréien.

De Jean-Claude Juchem geet um Enn vum Joer an d'Pensioun. Nei Cheffin vum ACL gëtt awer scho vum éischten Abrëll un d'Miriam Eisenmenger. Dat huet de Verwaltungsrot esou festgehalen. Déi 46 Joer al Miriam Eisenmenger kënnt aus der Automobilbranche. Si war an de leschte Jore beim Grupp Losch Cheffin vum Marketing an der Kommunikatioun.

De Jean-Claude Juchem war 10 Joer Direkter vum ACL.