Wéi vill Stonne steet een zu Lëtzebuerg pro Joer am Stau?

Eng Etüd vun TomTom liwwert interessant Donnéeën iwwert den Trafic op de Lëtzebuerger Stroossen.
De Gaël Arellano, Journalist bei RTL Infos huet sech dës Zuele méi genee ugekuckt.
Aus den Zuelen, déi den Hiersteller vun Navigatiounssystemer publizéiert huet, kann een ënner anerem erausliesen, wéi een Dag zejoert dee schlëmmste war, fir duerch d'Stad ze fueren: Den 22. September huet een an der Stad, an der Moyenne eng hallef Stonn gebraucht, fir 10 Kilometer zeréckzeleeën. Normalerweis brauch een 22 Minutten, fir dës Distanz an der Stad ze couvréieren. De schlëmmste Wochendag fir an der Stad mam Auto ze fueren ass iwwerdeems dënschdes. Dat tëscht 8 an 9 Auer moies.
Wien en Aarbechtswee vun 10 Kilometer huet, stoung zejoert um Wee fir op d'Aarbecht iwwerdeems duerchschnëttlech 79 Stonne vum Joer am Stau.