Lëtzebuerger kafe gär nei
Och wann hei am Land vill Occasioune verkaf ginn, géifen awer am Verglach mam Ausland vill nei Autoe kaf ginn, esou de Philippe Mersch.
Den Autosfestival steet virun der Dir: 80 Händler bidden dofir an 170 Showrooms speziell Konditiounen un, fir d'Clienten ze lackelen, dat ganzt nach bis den 3. Februar. De Festival gëllt als Stëmmungsbarometer fir d'Joer. D‘Anne Wolff huet am Virfeld dovunner de Bols gefillt.
Schliisslech kann de Festival gäre mol
25 bis 30 Prozent vum Ëmsaz am Joer ausmaachen. Et kéint een awer elo keng genee Valeur festleeën, seet de Philippe Mersch, President vum Händlerverband Fedamo (Fédératioun des Distributeurs Automobiles et de la Mobilité).
„Mir hu keng Indikatioune vun de Chiffres de Vente, well an eiser Federatioun ass all Member deen um Festival deelhëlt natierlech een deem anere säi Konkurrent. Do gi keng Zuelen echangéiert, dat däerf een u sech och net. Mir gesinn dat an der Ambiance an un de Leit déi an de Showroom erakommen. An et kann een et op eng Manéier an den Immatrikulatiounen déi erakommen Enn des Jores moossen“.
Genee sou wéineg kéint ee soen, wéi vill d'Autoen elo méi bëlleg sinn am Verglach mam Recht vum Joer. Fest stéing awer, dass d'Zënssätz elo méi niddreg sinn. D'Viraussetzunge fir en erfollegräiche Festival wiere gutt.
Dofir ass een och um Terrain optimistesch. De Romain Petry, Gérant vun engem Autosgarage zu Miersch, ass awer gespaant, wéi et mam Trend vun den Elektro-Autoe viru geet: "D'lescht Joer war u sech e gutt Joer fir d‘Elektroautoen, wéi et elo dëst Joer geet bleift ofzewaarden. Vill Leit déi ee wollten, hunn elo een."

Romain Petry, Gérant vun engem Garage zu Miersch / © Anne Wolff
An der auslännescher Press war rezent ze liesen, dass zwou Locatiounsfirmen eng bestëmmte Mark vun Elektroautoe rëm géifen ofstoussen. Engersäits louch dat wuel un der spezifescher Präispolitik vum Hiersteller, ma fir de President vun der Fedamo kéint et generell bei Elektroautoen och praktesch Problemer bei der Locatioun ginn. Sou muss ee sech organiséieren, wou een den Auto opluet. Wien dogéint en Elektroauto keeft, hätt sech jo domat schonn ausernee gesat a warscheinlech eng eege Borne.
De President vum Händlerverband gesäit am Autosfestival och en Indicateur fir d'Kafverhale vun de Leit generell, dat och fir d'Banken an d'Assurancen interessant wier. Schliisslech missten d'Cliente sech iwwerleeën, wéi se hiert neit Gefier iwwert déi nächst Jore finanzéieren. Dat géing weise, wéi sech d‘Investissementer bei de Privatpersounen entwéckelen.
Och wann hei am Land de Marché mat Occasioune staark ass, géifen d‘Lëtzebuerger am Verglach mam Ausland nach ëmmer vill nei Autoe kafen, seet de Philippe Mersch.
"Mir gesinn dat an den Immatrikulatiounszuelen, mee et ass logesch, dass mir méi Ëmschreiwunge vun Occasiounen hunn, där sinn der jo vill méi am Park. Mir hunn zu Lëtzebuerg e Park vu 450.000 Autoen, all Joer kommen do 50.000 Neiumellungen dobäi. An all déi aner gi jo och lues a lues op nei Proprietären ëmgeschriwwen. Am Ausland ass do d‘Proportioun vun ëmgeschriwwenen Occasiounen awer vill méi héich".
Wat d‘Liwwerzäite vun den neie Gefierer ugeet, déi léichen elo rëm am Normalberäich vun zwee bis dräi Méint.