E Samschdeg de Moie war um Site vun den CFL ze liesen, dass et eng "Panne technique d'aiguillage" zu Beetebuerg gouf.

Op Nofro bei den CFL, krute mir confirméiert, dass et effektiv Problemer op der Linn 60 gouf, der Zuchstreck Péiteng-Esch-Stad.

Betraff waren deemno d'Weichen op der Péitenger Gare. Wuel duerch d'Keelt.

Spéider hunn d'CFL op hirem Site matgedeelt, dass de Problem géint 9.40 Auer nees behuewe wier. Et kéint een am Laf vum Moien awer nach mat Retarden an Annulatioune rechnen.