En Autosfestival an Zäite vun noloossender Kafkraaft

Et gëtt e spannenden Autosfestival fir d'Concessionnairen. Iwwert déi lëscht Méint ass bei ville Leit d'Kafkraaft erofgaangen.
D'Zënse sinn dogéint geklommen. Dobäi mécht de Festival gäre Mol 30 Prozent vum Ëmsaz am Joer aus. Positiv ass aus der Siicht vun de Concessionnairen, dass de Probleem vun de Liwwerenkpäss eriwwer ass, wéi de Bob Binsfeld, Concessionnaire vu Schëffleng erkläert:
"Haut si mer nees an normalen Zäiten. Mir si bei Liwwerzäite vu maximal 5 Méint. Dat ass natierlech ofhängeg vun de verschiddene Marken. D'Stocke sinn och nees do. De Lëtzebuerger keeft jo och gären Autoe vum Stock. Dorop kann een och nees dëst Joer zougräifen."
D'Zäiten, an deenen den Auto direkt bezuelt gouf, réckelen ëmmer méi an den Hannergrond. Mëttlerweil ginn, esou de Constat zu Schëffleng, 80 Prozent vun de Gefierer extern finanzéiert, respektiv geleast. Besonnesch beim Kaf vun engem Elektroauto wëll de Client sech ofsécheren. Populär bleift den SUV. D'Faarwen allerdéngs ginn nees méi knätscheg. Generell ginn d'Autoen ëmmer méi grouss:
"Vill kleng Autoe ginn et net méi. Et ass e Marché, deen ëmmer méi verschwënnt duerch d'Rentabilitéit vun de Constructeuren."
E-Autoe sollen d'Verbrenner mëttelfristeg verdrängen. D'Dominanz vun den europäesche Produzente bréckelt lues a lues. E Phenomen, deen och Lëtzebuerg betreffe wäert. Op der Escher Strooss an der Stad gi mëttlerweil ënner anerem zwou chineesesch Marke verkaf, erkläert eis de Concessionnaire Bernd Fuhrmann:
"Um asiatesche Raum do gëtt et Marken, déi extreem staark an der Elektromobilitéit sinn. Och déi europäesch Hiersteller baue ganz vill Autoen a China an an anere Länner, sou datt do d'Kompetenz awer do ass. A wann ee gesäit, datt verschidde Marke ganz anescht un déi Saachen eruginn an aus dem IT-Beräich kommen an d'Systemer an Infotainment-Systemer am Auto besser opgestallt sinn, da versteet een, datt et dat ass, wat vill Cliente wëllen."
D'Kompetitioun um Marché klëmmt also weider. Den Autosfestival gëllt als Stëmmungsbarometer fir de Rescht vum Joer. Iwwert déi nächst 2 Wochen also wäerten déi éischt Constate falen.