De Leasing gëtt ëmmer méi beléift
Den Autofestival ass ëmmer eng gutt Geleeënheet, fir sech iwwer nei Modeller an nei Technologien ze informéieren, respektiv iwwer Finanzéierungsmodeller.
Et fält nämlech op, datt de Leasing ëmmer méi beléift gëtt. Net just bei den Entreprisen, mee och beim private Keefer. Et ass en Trend, deen a ganz Europa ze spieren ass an op deen och vill Lëtzebuerger opsprangen. Mam Resultat: Ëmmer manner Leit besëtzen den Auto, mat deem se fueren.
55.000 Autoen op de Lëtzebuerger Stroosse gi mëttlerweil operationell geleased. Heescht, fir eng Zomm, déi all Mount bezuelt gëtt, ass den Auto, d'Pneuen, d'Entretienskäschten an d'Assurance inclus. Bei 450.000 ugemellten Autoe sinn dat 12 Prozent vum nationale Fuerpark: an d'Tendenz geet weider erop.
"D'lescht Joer ware vun den 49.000 neien Autoen, déi zu Lëtzebuerg ugemellt goufen, eng 16.000 aus dem operationelle Leasing. Dat heescht ronn een Drëttel vun den neien Autoe si geleased.", esou de Gerry Wagner vum House of Automobile.
Ronn 10 Prozent gi vun enger Privatpersoun geleased. De Rescht leeft iwwert eng Firma. Ma virun 10 Joer gouf et de private Leasing nach guer net.
"Deen Trend huet géint 2018 zu Lëtzebuerg ugefaangen. Fir d'éischt lues, progressiv, exponentielle. Mee haut geet et ganz séier. Beispill: D'Progression 2023 par Rapport zu 2021 ass plus 45 Prozent.", erkläert den Dominique Roger, CEO – Lëtzebuerger Automobile Leasing Firma.
Den Trend an der Gesellschaft geet ewech vu Kafen - eriwwer op Ausléinen. Dat gëllt och fir den Auto. Et ass virun allem de Comfort, deen unzitt. An och d'Gefill no Sécherheet,e mol net onbedéngt hannert dem Steier.
"De Leasing beim Particulier ass haaptsächlech duerch den Elektroauto komm, well d'Leit beim E-Auto net richteg wëssen, wat kascht dee mech. Wat maachen ech domat laangfristeg? Ass déi Technologie nach gutt? Kann ech den Auto spéiderhin nach verkafen? An do ass den operationelle Leasing déi ideal Léisung.", esou de Gerry Wagner.
Den Elektroauto gëtt zu Lëtzebuerg haaptsächlech iwwer Leasing-Entreprisen op d'Stroosse bruecht. Vun den Nei-Immatrikulatiounen fir 2023 sinn 22% E-Gefierer.
"Wann een awer just d'Leasing-Immatrikulatioune kuckt, da läit een hei bei 35 bis 40 Prozent Voll-Elektro-Autoen.", seet den Dominique Roger.
An awer bleiwen et d'Entreprisen, déi déi meescht Elektro-Autoe leasen. Virun allem déi steierlech Virdeeler a Primme lackelen hei un.