Noddems de Bensinn an Nuecht op e Mëttwoch méi deier gouf, ass et elo um Diesel.

Vun e Freideg un kascht den Diesel dann 1,527 Euro de Liter. Et ass eng Hausse vun 1,8 Cent pro Liter.

Och beim schwiefelfräie Masutt (10ppm) gëtt et eng liicht Hausse. Hei klëmmt de Präis ëm 2,1 Cent de Liter op dann 0,987 Euro.

RTL

© RTL-Grafik