34 nei Zich kritt d'Lëtzebuerger Eisebunn. Gebaut goufe si an der Géigend vu Barcelona. Käschtepunkt: ronn 400 Milliounen Euro. 

D'lescht Joer sinn 28,7 Millioune Leit hei am Land mam Zuch gefuer.  Dat war neie Rekord, esou d'Bunn a setzt weider Weiche fir d'Zukunft. Dat soll net just um Niveau vum Reseau geschéien, mä och beim Fuerpark.

Bis 2026 ginn deemno progressiv 34 nei Automotricen mat 3 bis 6 Ween a Betrib geholl, déi weider 39.000 Plaze wäerte bidden. Dës nei Maschinne kënnen am Grand-Duché, ma och an der Belsch an a Frankräich agesat ginn. Käschtepunkt ronn 400 Milliounen Euro. Et wëll ee bei der Bunn mat den neien Zich och méi Confort bidden esou den zoustännegen Ingénieur Mike Strotz.

"Déi nei Zich wäerten de Clienten ee moderne Wifi zur Verfügung stellen, deen awer ofhänkt vum GSM-Reseau, deen et bausse gëtt. Mir hunn och ee Passagéier-Zählsystem drop, dee wäert eis déngen, fir d'Leit ze informéieren wéi en Zuch, deen ukënnt op der Gare, scho mat Sëtzplaze besat ass. Also wéi vill Plazen do nach fräi sinn. Dat wäert eis och erlaben, fir eis Offer punktuell unzepassen, wa mir mierken, dass op verschidde Plazen d'Zich stänneg besat sinn"

Enn Februar sinn Testfaarten zu Lëtzebuerg virgesinn. Am Mee/Juni sollen déi nei Zich dann an de reguläre Betrib opgeholl ginn. 2018 hunn d'CFL d'Commande opginn an elo scho maachen déi Responsabel vun der Lëtzebuerger Eisebunn sech Gedanken iwwer neit Material fir d'Joren 2030 bis 2032.

D'Bunn setzt dann och verstäerkt op propper Energie. Rezent Beispill ass een Accord mat Enovos fir 15% vum CFL-Besoin u Stroum aus regionaler Photovoltaik-Produktioun ze kréien. An dësem Fall kënnt dee Stroum aus enger Fotovoltaik-Anlag an der Äifel, esou d'Bunn an engem Communiqué.

RTL