D’CFL hunn der Press hir grouss Aarbechte fir dëst Joer um Zuchreseau presentéiert.

Duerch eng "Entflechtung" vun den Zuchstrecke wäert méi Capacitéit a méi Pünktlechkeet entstoen. Dat hunn déi Responsabel vun den CFL en Dënschdeg bei der Presentatioun vun de groussen Aarbechten um Zuchreseau dëst Joer erkläert.

Hei de Communiqué vun den CFL, deen un d'Press gaangen ass!

Nei Strecken, nei Quaien an nei Park&Riden gi gebaut, mee och nei Zich agesat. Am Mee sollen déi éischt nei "Coradia"-Zich kënnen operéieren. Bis 2025 solle 34 där neier Zich am Asaz sinn a 46% méi Sëtzplazen offréieren. D'CFL sinn eegenen Aussoen no "frou", datt een d'lescht Joer mat 28,7 Millioune Passagéier e Rekord opgestallt huet (tëscht 2005 an 2023 ass dat eng Verdueblung) an nees op der Trajectoire ass, déi virgesi war.

Déi Croissance vum Zuchverkéier, déi Investissementer, nei Infrastruktur a Maintenance viraussetzt, wier natierlech awer och eng Erausfuerderung fir d'Passagéier a fir d'CFL. Dee gréisste Chantier fir dëst Joer bleift awer wuel deen un der Axe Diddeleng-Beetebuerg-Lëtzebuerg. Eng gréisser Perturbatioun gëtt et an der Summervakanz, well d'Stroossebréck "Hammerel" vun de Ponts et Chaussées ersat muss ginn.

D'Gare zu Beetebuerg bleift dowéinst vum 13. Juli bis den 11. August ganz zou an dann ass d'Streck Beetebuerg-Lëtzebuerg tëscht dem 12. August an dem 15. September ënnerbrach. An där Zäit setzt d'CFL Ersatzbusser an. An deem Zesummenhang gouf en neien "Online-Outil" presentéiert, deen et de Passagéier erméiglecht, sech iwwert cfl.lu spezifesch iwwert d'Chantieren op hirer Streck z'informéieren. Andeems 2 nei Gleiser tëscht Beetebuerg an der Stad entstinn, géing een d'Capacitéit op där Streck quasi verduebelen, sou d'CFL. Ënnert anerem doduercher, datt Zich wäerten am Stonnentakt vun Diddeleng direkt op Lëtzebuerg fueren, amplaz ewéi elo just zweemol am Dag.

Weider Chantieren dëst Joer, déi d'Responsabel vun den CFL ervirgestrach hunn, sinn d'Ausbauaarbechten zu Rodange, mat notamment engem neie Souterrain ënnert de Gleiser an engem neie Quai, den neie Pôle d'échange um Houwald oder nach de Bau vu Parkingen zu Ëlwen, Wecker a Colmer Bierg.

All déi grouss Projete vun den CFL schreiwe sech an de Mobilitéitsplang 2035 an. Op d'Fro, wéini d'Zäit duerno muss geplangt ginn, huet de Generaldirekter vun den CFL geäntwert: "esou fréi ewéi méiglech". Lëtzebuerg hätt sech awer schonn d'Moyene ginn, fir sech souwuel, wat d'Planung an d'Finanzéierung ubelaangt, weider gutt fir d'Zukunft opzestellen.

De Chef fir d'Infrastruktur bei den CFL, den Alain Bombardella, huet um Bord vun der Pressekonferenz e puer aner grouss Projete fir déi nächst Joren erwäänt: déi nei direkt Streck vun Déifferdeng iwwert Dippech an d'Stad. (Am Moment muss ee vun Déifferdeng entweder iwwer Esch oder Péiteng an d'Stad fueren.) Donieft gëtt et en Mammutprojet an der Stad: Ëm d'Joer 2027 sollen d'Aarbechte fir en neie Pôle zu Hollerech ugoen.

Wat d'Nordstreck ugeet, huet den Alain Bombardella garantéiert, datt et net méi zu engem Tëschefall ewéi den Zesummebroch vum Tunnel Schiebuerg kéint kommen. All d'Tunnelle wiere sécher.