Vun e Mëttwoch u ginn de 95er Bensinn, den 98er Bensinn, den Diesel an de schwiefelaarme Masutt méi deier.

Vun Hallefnuecht u kascht den Diesel 1,567€ de Liter. Dat ass eng Hausse vu 4 Cent. Beim 95er Bensinn klëmmt de Präis ëm 2,4 Cent op dann 1,542€ de Liter. Beim Super 98er ass et eng Hausse vun 2,5 Cent op dann 1,765€.

De Liter schwiefelaarme Masutt (10ppm) kascht vun e Mëttwoch un 1,033 Euro de Liter. Dat si 4,6 Cent méi.

RTL

© RTL Grafik