Vum 5. Februar un an dat bis Enn 2024 wäert et op Héicht vun der Bréck OA493 op der N12 zu Verzögerunge kommen.

Dat, well d'Bréck op dëser Plaz rekonstruéiert gëtt. Nieft dem Faite, datt hei Rout Luuchten an den Asaz kommen, dierfen hei och keng Camione méi, déi iwwer 7,5 Tonne weien, fueren. Ausname gëlle fir schwéier Gefierer vu Fournisseuren.