Wärend fënnef Deeg an der Vakanz mussen d'CFL wéinst Personalmangel eng Linn zoumaachen an eng Linn limitéieren.

Esou fiert vum 12. Februar bis de 16. Februar inclus keen Zuch tëscht Däitsch-Oth (Audun-le-Tiche) an Esch, Ersatzbusser kommen awer an den Asaz. Tëscht Wuelmereng (Volmerange-les-Mines) a Beetebuerg wäert just all zweet Maschinn fueren, datt awer mat méi Plazen.

Wéi et vun den CFL heescht, wieren dës Mesuren néideg, well een net genuch Personal hätt, fir d'Sécherheet vun de Leit zu all Moment ze garantéieren.

Grond fir de Manktem u Personal wier ënner anerem déi schwéier Situatioun um Aarbechtsmaart. Et géif een och nach ëmmer no Zuchbegleeder sichen. Dobäi kéim an der Vakanz nach de Fall, datt ee Personal am Krankeschäin huet an nach zousätzlech Leit an de Congé ginn.