D'Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren schléisse sech de Protester vun hiren auslännesche Kolleegen aus Frankräich an Däitschland un.

Geplangt sinn dës Protester e Mëttwoch tëscht 10 an 18 Auer. Wéi et am Schreiwes vun der Gemeng Schengen heescht, wäert d'Schengener Bréck zu deenen Amenter just schwéier ze passéiere sinn an op der N10 an dem CR152B ass et verbueden, fir den Auto ofzestellen. Och ass dowéinst an de Géigend mat Traficproblemer ze rechnen.