Vun en Dënschdeg u muss een op der Pompel e bësse manner déif an d'Täsch gräifen.

Vun Hallefnuecht u kascht den Diesel 1,531 Euro de Liter. Dat ass eng Baisse vun 3,6 Cent.

De Liter schwiefelfräie Masutt (10ppm) kascht dann 1,001 Euro de Liter, wat ronn 3,2 Cent manner sinn. De schwiefelaarme Masutt (50ppm) fält dann nees ënner 1 Euro de Liter, dat op 0,993 Euro. Et ass eng Baisse vun 3,9 Cent.