Zanter Jore gi sech Gedanken iwwer déi richteg Variant fir de Käerjenger Contournement gemaach. Zanter dem leschten Hierscht schéngt se fonnt ze sinn.

Dofir mussen eng Firma deplacéiert, a Kompensatiounsmesure fir de Bobësch fonnt ginn.

Et geet lues awer sécher viru mam Dossier. Dat obwuel d'Biergerinitiativ vu Suessem nach net ganz mat dëser proposéierter Variant averstanen ass. Hirer Meenung no kéint d'Industriezone "Op Zaemer" fir d'Léisung vum Trafic duerch Käerjeng hëllefen.

Den aktuelle Stand vun den Diskussiounen ëm de Käerjenger Contournement gitt Dir am Reportage gewuer.