Bei Ford zu Saarlouis ginn d'Verhandlungen iwwer e Sozialtarif mat der IG Metall an déi decisiv Phas. Bis e Mëttwoch soll e Resultat um Dësch leien.

Wéi et mat de Ford-Wierker zu Saarlouis weidergeet, déi Fro beschäftegt knapp 4.000 Salariéen, déi nach ëmmer an der Ongewëssheet liewen. Ford hat jo annoncéiert, am Laf vum nächste Joer mat der Produktioun am Saarland wëllen opzehalen.

En neien Investisseur ass bis ewell nach net fix.

E Mëttwoch an der Mëttesstonn ass Betribsversammlung, wou et Detailer iwwert d'Sozialtarif-Verhandlunge soll ginn, nodeems do schonn zanter Woche Verhandlunge lafen.

Wann näischt Konkretes kënnt, goufe vun der Gewerkschaft IG-Metall scho Streiken an Aussiicht gestallt.