An der Nuecht op e Freideg gëtt den Diesel am Grand-Duché méi deier.

Vun e Freideg u kascht den Diesel dann 1,583 Euro de Liter. Et ass eng Hausse vun 5,2 Cent pro Liter.

Och beim schwiefelfräie Masutt (10ppm) a beim schwiefelaarme Masutt (50ppm) gëtt et eng liicht Hausse. Beim 10ppm klëmmt de Präis ëm 5,4 Cent de Liter op dann 1,055 Euro, wärend de 50ppm ëm 4,3 Cent de Liter op 1,036 Euro klëmmt.