Problem ass bekannt, u Léisung gëtt geschafft
Ëmmer nees steet zu Éilereng op der N37 Waasser, esou dass d'Strooss muss gespaart ginn. Ponts & Chaussées schaffen un enger Léisung.

Zanter e puer Deeg steet d'Waasser nees op der N37 zu Éilereng beim Z.A.R.E. ouest. D'Strooss ass gespaart an doduerch den Accès op d'Autobunn net méiglech.
Ponts & Chaussées hunn op Nofro de Problem erkläert. Um déifste Punkt op dëser Strooss leeft ënnerierdesch e Rouer, wat den Ament verstoppt wier an doduerch bei Reen d'Waasser net kann oflafen. De Problem wier zanter Kuerzem bekannt. Wann d'Waasser bis an de Buedem versickert an d'Strooss nees fräi ass, kéint d'Stroossebauverwaltung déi néideg Aarbechte virhuelen an d'Rouer botzen. Gläichzäiteg wéilt een och Entretiensaarbechten um Réckhaltebecke vun de Stroosse ronderëm duerchféieren.
Soubal ee mat den Aarbechte kéint ufänken, wier ee bannent zwou Woche fäerdeg, esou den Direkter vu Ponts & Chaussées.