Leit, déi méi reegelméisseg tëscht Heischent an dem Heischtergronn ënnerwee sinn, dierft déi nei Sécherheetsmauer opgefall sinn.

Dës gouf an de leschten Deeg op der N15, net wäit ewech vun der Kräizung mat der N12 a Richtung Eschduerf, opgeriicht.

Op Nofro bei Ponts et Chaussées huet et geheescht, datt e Fiels lassgaange wier. Dowéinst gouf d'Barrière op dëser Plaz installéiert, dat nach fir ronn eng Woch, wärend d'Aarbechten op dëser Plaz lafen. De Spriecher vun der Administratioun huet dann och confirméiert, datt op dëser Plaz aktuell keng Gefor méi bestoe géif, an datt do och näischt méi nokomme géif.

Wann d'Aarbechte bis ofgeschloss sinn, wäert d'Protektiounsmauer och nees ofgeriicht ginn an d'Fuerspuere ginn op dëser Plaz nees alleguer op.

RTL