CFL deele mat
Perturbatioune vun e Freideg bis e Sonndeg a Richtung Frankräich

© Envato Leungchopan
Vum 16. bis den 18. Februar wäert et zu zolitte Problemer op der Streck Lëtzebuerg-Diddenuewen-Metz-Nanzeg kommen wéinst Streik bei der SNCF.
Donieft si vum 15. Februar am Laf vum Owend un och d'TGV-Linne a Richtung Paris Est betraff. Hannergrond si gewerkschaftlech Aktiounen, déi bis e Sonndeg daueren.
All d'Informatiounen dozou fënnt een um Site vun den CFL.
Am meeschte gelies