Kapazitéit vu 400 Kilowattstonn
Zu Bäreldeng kënnen Elektroautoe besonnesch séier geluede ginn. SWIO bitt déi éischt Elektroborne vun dëser Zort un.
D'Elektroborne huet eng Leeschtung vu 400 Kilowattstonn (KWh). Ma en Auto, dee mat esou enger Kapazitéit luede kann, gëtt et nach net. An zwee Méint kënnt deen éischten Auto op de Marché, dee méi wéi 320 KW kann zéien. Ma och mat Autoen, déi mat 350 KW kënne lueden, gëtt geschwë gerechent, betount den Alex Michels, COO bei Losch.
D’Borne nieft enger grousser Autosgarage zu Bäreldeng kann och zwee modern E-Autoe parallel mat jee 200 Kilowatt lueden. Dës sinn dann an 20 Minutte vun 10 op 80 Prozent chargéiert.
Wéi vill d’Lueden un der Borne kascht, konnt den Alex Michels nach net genee soen. Et wier een e sougenannte Charge Point Operator. Wëll heeschen, dass de Kaartenoperateuren d’Borne zu engem gewësse Präis zur Verfügung gestallt gëtt, fir hir jeeweileg Clienten. Ma et ass mat engem Präis ëm 55 Cent pro Kilowatt ze rechnen.
Nieft der 400 KW-Borne gouf dann och nach eng vun 320 KW ageweit. Enorm Kapazitéiten u Stroum kënnen hei deemno duerch d'Leitunge goen. Zum Verglach: Am Duerchschnëtt verbraucht en Haus zu Lëtzebuerg 10 bis 15 Kilowattstonn pro Dag. Suergen ëm d’Stroumnetz zu Bäreldeng brauch ee sech wéinst den neie Bornen awer nach net ze maachen. D’Plaz wier am Virfeld mam Operateur vum Stroum-Reseau ofgeschwat ginn, betount den Frank Wies vu Socom.
De Wirtschaftsminister Lex Delles huet sech iwwer dës weider Offer am Sënn vun der Elektromobilitéit gefreet. Hien huet ënnerstrach, dass souwuel de Staat, wéi och Europa de Bau vun dëse Bornë finanziell ënnerstëtzt hätten. An dräi Appels à projets fir Elektrobornë wiere bis elo 1.200 Luedpunkten definéiert ginn. E véierten Appel à projets leeft nach bis Mäerz. Den Ament ginn et hei am Land iwwer 2.000 Luedpunkten.