Weider gouf och den definitiven Tracé vun der neier Autobunn matgedeelt.

De Präfekt vun der franséischer Regioun Moselle huet en Dënschdeg op enger Pressekonferenz Detailer iwwert déi zukünfteg Autobunn A31bis tëscht Metz an der Lëtzebuerger Grenz geliwwert.

De Laurent Touvet huet dobäi confirméiert, dass e Peagesystem op där Streck wäert agefouert ginn an dass eng Variant festgehale gouf, déi westlech laanscht Diddenuewen wäert verlafen, mat engem neien Tunnel ënnert Florange erduerch.

Den Deel tëscht Diddeleng an Diddenuewen gëtt deemno effektiv och op zwee Mol dräi Spueren ausgebaut a gliddert sech an de Modus op Lëtzebuerger Säit an, wou den Ausbau jo amgaang ass.

Wat de Peage betrëfft, huet de Laurent Touvet vu Käschten an Héicht vu warscheinlech 8 Euro geschwat, fir en Aller-Retour Lëtzebuerg-Metz.

Detailer ginn et bei de Kolleege vun RTL-Infos.