Ponts et Chaussées schaffen aktuell u Léisung

© Christophe Hochard
D'lescht Woch stoung iwwer e puer Deeg laang nees d'Waasser op der N37 zu Éilereng beim Z.A.R.E. ouest.
D'Strooss war eng Zäit gespaart an doduerch den Accès op d'Autobunn net méiglech.
Um déifste Punkt op dëser Strooss leeft ënnerierdesch e Rouer, wat verstoppt war an doduerch ka bei Reen d'Waasser net oflafen. Wei et vu Ponts et Chaussées heescht, géif zënter dëser Woch un dësem Probleem geschafft ginn. Et géif versicht ginn, de Stopp aus dem Rouer ze kréien. D'Botze vun deem verstoppte Rouer kéint funktionéieren. Eng Garantie géif et awer keng ginn, esou nach den Direkter vun der Stroossebauverwaltung. Méiglech wär et awer och, dass e Rouer op enger anerer Plaz vun der Strooss nach kéint verstoppt sinn.
E Gruef gëtt och op der concernéierter Plaz gezunn, fir en Iwwerlaf vum Waasser z'erméiglechen.