Dierf een zu Lëtzebuerg mat 14 Joer um Scooter oder mat 16 mam Auto fueren?

© Iv-olga on Shutterstock
Op verschidde Plazen an Europa, ënnert anerem an Italien, kann een de Fürerschäi fir de 50 Kubik scho mat 14 maachen oder an den USA den Autopermis mat 16.
Zu deem Ament dierf een dann an de spezifesche Länner och déi Gefierer, fir déi de Permis gülteg ass, och notzen an am Stroosseverkéier deelhuelen. Ma wéi gesäit et aus, wann ee mat deem Fürerschäin am Grand-Duché wëll fueren? Dat hu mer beim Mobilitéitsministere nogefrot.
Fir de jonke Mënsch aus den USA, dee säin Autosfürerschäin do scho mat 16 gemaach huet, ass d'Saach e bësse méi komplizéiert. Well all Amerikaner, deen hei am Land mam Auto wëll fueren, muss e sougenannten internationale Permis ufroen, an deen nieft sengem normalen US-Permis och bei sech hunn. Dës Reegelung besteet schonn zanter 1949, wéi ënner anerem Lëtzebuerg an d'USA d'Genfer Konventioun iwwert de Stroosseverkéier ënnerschriwwen hunn.
Dee spezielle Permis eleng geet awer net duer. Well fir déi jonk Persoun aus den USA gëllt dat selwecht, wéi fir ee 14 Joer ale Jong oder aalt Meedchen aus Italien, dat do de Permis fir de 50-Kubik-Motorrad gemaach huet: Si dierfen zu Lëtzebuerg eréischt mat deem Fürerschäin e Gefier steieren, wa si all déi Konditiounen erfëllen, déi hei am Land fir d'Beweege vun esou engem Auto oder Motorrad virgesi sinn. Wëll heeschen, datt den Amerikaner bis 18 Joer muss waarden, éier hien den Auto dierf selwer fueren an d'Persoun aus Italien dierf net viru 16 Joer hei am Land mam klenge Motorrad fueren.
Internationale Permis och fir Lëtzebuerger?
Wat fir den Amerikaner zu Lëtzebuerg gëllt, gëllt natierlech och fir d'Lëtzebuerger a villen anere Länner. Wärend een an de Länner vun der EU respektiv vum Europäesche Wirtschaftsraum keen internationale Permis als Lëtzebuerger brauch, gëllt dat awer fir vill aner Länner. Detailer heizou fënnt een op Guichet.lu.