Wéi eng Autosmarke ginn am dacksten zu Lëtzebuerg geklaut?
Iwwer 200 Autoe ginn all Joer zu Lëtzebuerg geklaut. Eng Partie Marke sinn immens beléift bei den Déif. An och a verschidde Gemenge gëtt méi dacks geklaut.
An enger parlamentarescher Fro hat den DP-Deputéierten André Bauler den Inneminister Léon Gloden zu der Hausse un Déifställ vun Autoe befrot. A senger Äntwert liwwert den Inneministère eng Rei Donnéeën zu der Entwécklung vun dësen Phenomeen.
An enger Tabell ginn déi véier Marken opgelëscht, déi tëscht 2019 an 2023 am dackste vun Déif an d'Viséier geholl goufen. Esou waren et d'lescht Joer Autoe vun de Marke BMW, Audi, Land-Rover a Mercedes. Domat waren et 2023 virun allem däitsch Autoen, déi geklaut goufen, wärend et an de Jore virdrun éischter franséisch Ween waren.

Donieft huet den Inneministère och eng Lëscht mat de Gemengen opgestallt, an deenen déi meescht Autoe fortkommen. Ganz kloer op der Nummer 1 hält sech do d'Gemeng Lëtzebuerg, suivéiert vun Esch-Uelzecht, Diddeleng an Déifferdeng. Dëst ass net wierklech verwonnerlech, wann ee bedenkt, datt dat och déi véier Gemenge mat de meeschten Awunner sinn.

Am Bilan huet den Inneminister iwwerdeem och opgelëscht, wéi dacks et bei engem versichten Déifstall bleift a wéi heefeg d'Déif erfollegräich sinn. D'Zuele sinn do relativ stabel bliwwen, och wa se wärend der Pandemie e Stéck erofgaange waren. Opfälleg ass, datt d'Zuel vun den erfollegräichen Déifställ wäit aus méi héich ass, wéi d'Zuel vun de versichten Déifställ.

Déi lescht Tabell lëscht dann nach méi speziell Gefierer, wéi Camionen, Remorquen oder Trakteren op. Och hei hu sech d'Zuelen net vill verännert, bis op eng liicht Baisse wärend der Covid-Pandemie.
