Wéinst Niwwel um Fluchhafe vu Lux-Airport war d'Siicht vun de Piloten beanträchtegt, wouduerch et net méiglech war, um Findel ze landen.

Wéi Lux-Airport RTL op Nofro hi matdeelt, goufen et Schwieregkeete wéinst dem Niwwel, fir um Findel ze landen.

Och de Gilles Feith, CEO bei Luxair, huet confirméiert, datt d'Siicht "below minima" war. D'Luxair-Fliger konnten awer, wann eng Fënster opgaangen ass, um Findel landen. Anescht ginn d'Fligeren op Léck oder Bréissel ëmgeleet.

De Gilles Feith betount dann awer och, datt dëst eng Situatioun ass, déi eng "5 Mol d'Joer" géing virkommen.

Am Laf vum Dag huet sech den Niwwel dunn awer verzunn an et huet sech alles nees normaliséiert.

Bei Froen iwwer Passagéierrechter gëtt LuxAirport dëse Link un.