Wéi den neien Tracé vun der franséischer A31bis bekannt gemaach gouf, koum vill Kritik um Bauhär, wéinst dem Aféiere vun engem Peage.

Frankräich baut en neie Contournement fir d'A31 déi un der Grenz mam Grand-Duché an d'A3, am Volleksmond och Diddelenger Autobunn genannt, iwwergeet. Mat dësem Projet sollen d'Frontaliere besser op d'Aarbecht an nees Heem kommen.

Aus dësem Grond stinn d'Lëtzebuerger Autoritéiten och a permanentem Austausch mat hire franséische Kolleegen, esou wéi dat bei all de Projeten ass, déi grenziwwerschreidend realiséiert ginn. D'Decisioun awer, fir hei e Peage anzeféieren, kann eleng a just vum Bauhär, also Frankräich geholl ginn, heescht et op Nofro aus dem Lëtzebuerger Ministère fir Mobilitéit an ëffentlecht Bauen. Well eben d'Nopeschland déi Decisioun hëlt, kënnen d'Lëtzebuerger Autoritéiten dozou och keng Detailer ginn. Och ass op Lëtzebuerger Säit offiziell nach net gewosst, ob eng Aart Abonnement fir d'Leit soll kommen.

Dat e Peage sech nach méi negativ op d'Niewestrecken, also Landstroossen oder Dierfer, wäert auswierken, dat mengt een am Lëtzebuerger Ministère net. Schonn haut géif et de Problem ginn, datt d'Niewestrecke zu de Spëtzestonne saturéiert sinn, dat op béide Säite vun der Grenz. Fir dat z'entlaaschten, géif un anere Projete geschafft ginn.

RTL

Ausbau vun A31 an A3 solle Niewestrecken entlaaschten

Fir dës Strecken z'entlaaschten, gëtt aktuell jo d'Autobunn op Lëtzebuerger a Franséischer Säit op dräi Spueren ausgebaut. Weider ass virgesinn, datt d'Pannespuer esou ëmgebaut gëtt, datt den ëffentlechen Transport ma och de Covoiturage dovunner profitéiere kënnen. "Dës Mesuren erlaben also, déi geplangten Infrastrukture méiglechst effikass ze notzen, an esou insgesamt d’Situatioun vum Trafic op der Autobunn an op den Niewestroossen ze verbesseren", schreift de Mobilitéitsministere.

Lëtzebuerg kofinanzéiert Projeten op franséischer Säit

Zil vun dësem Finanzement aus dem Grand-Duché ass den Ausbau vum ëffentlechen Transport, fir esou eng méi nohalteg Mobilitéit ze promouvéieren, wéi Park and Riden oder den Zuchtrafic.

2018 gouf en Accord vu béide Länner ënnerschriwwen, deen 2021 nach eng Kéier nogebessert gouf. Esou steiert Lëtzebuerg 440 Milliounen Euro bei Projeten op franséischer Säit bäi, déi mam Zuchverkéier ze dinn hunn, an 20 Millioune fir Infrastrukture fir den ëffentlechen Transport op de Stroossen. Dat si ro 50 Prozent vun de Gesamtkäschten. Den Ausbau soll dozou féieren, datt de Service vum ëffentlechen Transport tëscht Lëtzebuerg an Diddenuewen respektiv Metz besser gëtt. Detailer dozou a wéi déi Projete ausgesinn, huet d'Ministesch Yuriko Backes an enger parlamentarescher Fro beäntwert.