En Donneschdeg am Nomëtteg gouf et gréisser Probleemer fir d'Servicer am ëffentleche Verkéier per Telefon ze erreechen.

Op Grond vun technesche Probleemer war et eng Zäit net méiglech, de mobilitéit.lu Call Center, d'Adapto- a Mobibus-Servicer, wéi och déi ganz Verwaltung vum ëffentleche Verkéier per Telefon ze erreechen.

Géint 18 Auer waren d'Probleemer geléist an et funktionéiert nees alles normal.