Nei Streck vun 3,7 Kilometer
Tramsstreck a Richtung Stadion soll de 7. Juli opgoen

© JEAN-CHRISTOPHE VERHAEGEN / AFP
Nach 4 Méint a 6 Deeg, dann ass e weideren Deel vum Tram hei an der Stad operationell.
D’Mobilitéitsministesch Yuriko Backes huet dem Wort géintiwwer confirméiert, dass den Deel tëscht dem Bouneweeger Lyçée an dem Stadion op der Cloche d’Or de 7. Juli wäert opgoen. 3,7 km Streck kommen dann derbäi, mat 5 Arrêten.
Den Deel tëscht dem Kierchbierg an dem Findel soll am Fréijoer d’nächst Joer opgoen.
Am meeschte gelies