Op der Pompel
Den 98er gëtt méi deier, den Diesel méi bëlleg

© AFP
Vun e Samschdeg u gëllen op enger ganzer Partie Spritzorten aner Präisser.
Fir de Liter 98er Bensinn muss e vun Hallefnuecht un 1,797 Euro bezuelen (+1,4 Cent).
Beim Diesel dogéint ass et eng Baisse vun 2,6 Cent op dann 1,552 Euro de Liter.
Beim Masutt geet et och no ënnen. De 50ppm kascht vum 2. Mäerz un 0,994 Euro (-1,7 Cent) de Liter an den 10ppm 1,023 Euro (-2,5 Cent).
Beim LPG ass et eng Hausse vun 1,7 Cent op dann 0,762 Euro de Liter.
Déi selwecht Hausse gëtt et beim Propane en vrac ménager. De Liter kascht dann 0,793 Euro.

Am meeschte gelies